National Campagne vun der Police71 Protokoller bei ronn 800 Kontrollen an enger Woch

RTL Lëtzebuerg
Wéi annoncéiert, huet déi national Campagne vun der Police vum 25. - 31. Januar gedauert. Et goufe virun allem zwee Punkte méi genee iwwerpréift.
© RTL

Viséiert waren den Zoustand vun den Autosfënsteren an d'Lisibilitéit vun den Nummereschëlder.

Wärend der leschter Woch goufe 799 Kontrolle gemaach, 71 Mol gouf en Avertissement taxé ausgestallt.

Bei 10 Chauffeure war den Zoustand vun den Autosfënsteren net an der Rei, sou dass d'Vue ze staark limitéiert war. Dës gëllt fir déi viischt, hënnescht a säitlech Autosfënsteren. D'Chauffeuren hunn hei misse 74 Euro bezuelen.

An 3 Fäll konnt d'Nummereschëld net richteg gelies ginn, woubäi anscheinend an engem Fall e Chauffeur de Motor héichdréie gelooss huet, obwuel e vun der Police ugehale gouf.

Bei 58 Automobiliste war d'Beliichtung net konform oder defekt.

Back to Top
CIM LOGO