Scho rëm ze séier700€ Strof an 2 Fuerverbueter vun 9 Méint, mat Ausnam vum Wee op d'Schaff

RTL Lëtzebuerg
Dozou gouf um Stater Geriicht e Mann veruerteelt, dee wéinst op en Neits ze séierem Fueren de Prozess gemaach kritt hat.

Hie war am Juni 2017, moies fréi, um Enn vun der Escher Autobunn a Richtung Stad mat 116 amplaz vu 70 duerch de Radar geflunn.

Eng Fra, déi am September 2018 zu Schëffleng en Accident provozéiert hat an ugaange war; ass iwwerdeems zu zwou Geldstrofe vun am Ganzen 1.000 € an zu engem Fuerverbuet vun annerhallwem Joer condamnéiert ginn.

Si war deemools bei enger rouder Luucht hannerzeg gefuer, enger anerer Fra an den Auto gerannt an hat sech doropshin aus dem Stëbs gemaach.

Back to Top
CIM LOGO