
Si hunn déi 88 Abréch, tëscht Ufank 2014 an Enn 2017, queesch duerch d'Land begaangen a sinn zu Prisongsstrofe vun tëscht engem a 6 Joer veruerteelt ginn. Donieft gouf d'Confiscatioun vun 3 Autoen decidéiert an 10 Parties civilë kruten zesumme ronn 96.500 € Schuedenersatz zougesprach.
Hoteller, Restauranten, Caféen, Butteker, Firmaen a Privathaiser ware vun den Abréch viséiert: D'Police hat ënnert dem Stréch e finanzielle Schued vu bal 170.000 € ausgemaach.