
An der Stad war der Police géint 2.20 Auer an der Nuecht eng verdächteg Persoun gemellt ginn, déi a Richtung Avenue de la Porte-Neuve gelaf ass, nodeems eng Alarmanlag ugaangen ass. Am Laf un der Enquête op der Plaz konnt en Abroch an e Kleederbuttek festgestallt ginn. D'Fënster war mat engem Steen ageschloe ginn an an der Géigend vum Buttek goufe frësch Bluttspueren um Buedem fonnt.
Am Kader vun den Ermëttlunge konnt dann eng Persoun mat Schnëttblessuren un der Hand an der Rue des Bains ugetraff an an d'Spidol bruecht ginn. D'Spuere beim Buttek konnten dem presuméierten Täter zougeuerdent ginn, deen am Laf vun der Enquête d'Dot och zouginn huet. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Zu Stroossen an der Rue Docteur Robert Koch koum et dann en Dënschdeg tëscht 14.15 a 15.30 Auer zu engem Déifstall bei engem Abroch an en Eefamilljenhaus, bei deem ënnert anerem Bijoue geklaut goufen. Onbekannter hate sech mat Gewalt Zougang an d'Haus verschaf, wou si e puer Raim no Wäertgéigestänn duerchsicht hunn. Wéi de Proprietär Heem koum, huet hien zwee jonk Männer vu südlänneschem Typ mat schwaarzen Hoer wouergeholl, déi iwwert eng Wiss nieft dem Grondstéck séier fortgaange sinn. Bei der Enquête konnte keng verdächteg Persounen ermëttel ginn.
E weideren Abroch an e Wunnhaus gouf et dann tëscht 7.30 a 17.40 Auer zu Téiteng an der Haaptstrooss. Bei deem den oder d'Täter eng Fënster ageschloen hunn fir an d'Haus ze kommen.
An der Rue Gabriel de Marie um Cents hate sech en Dënschdeg tëscht 13.15 an 19.15 Auer Onbekannter Zougang an en Appartement verschaf an eng Rëtsch Wäertgéigestänn geklaut.
Och um Lampertsbierg, zu Hollerech an zu Bouneweg koum et an de leschten Deeg zu Abréch a Kellere vu Méifamilljenhaiser.
Vun en Dënschdeg op e Mëttwoch goufen dann och divers Handwierksmaschinnen a Geschier op zwee Chantieren an der Stad geklaut.
An all de Fäll gouf Plainte gemaach an Enquêtë lancéiert. Och d'Spueresécherung war op de Plazen.