Coronavirus zu Lëtzebuerg61 Fäll bei 6.881 Tester

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 16 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 786 aktiv Infektiounen. 68.484 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 364.909 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO