Coronavirus zu Lëtzebuerg6 weider Persoune gestuerwen, vun 10.777 Tester waren der 149 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 527 läit.

Aktuell sinn 100 Patienten hospitaliséiert, dovunner 23 (-3) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88.

Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

CORONAVIRUS – RAPPORT JOURNALIER

Back to Top
CIM LOGO