
A 6 Fäll gouf et e Protokoll an e Bericht un déi zoustänneg Autoritéiten, well a Caféen Alkohol ugebueden a konsuméiert gouf a sech d'Leit net un déi sanitär Mesurë gehalen hunn. Bei enger Kontroll an engem Liewensmëttelbuttek zu Esch, de 14. Januar, goufen no 18 Auer nach Leit am hënneschten Deel vum Buttek entdeckt. Si hunn Alkohol konsuméiert an u Spillautomate gespillt. 9 Persoune kruten do een Avertissement taxé.
Ronn 140 Persoune kruten donieft en Avertissement taxé, a ronn 80% vun dëse Fäll well géint d'Ausgangsspär tëscht 23 a 6 Auer verstouss gouf.