
Am fréie Méindegmoie war jo e Policeauto mat engem anere Gefier wärend engem Asaz zesummegestouss. Den Artikel dozou fannt Dir hei.
Um 7.46 Auer war et en Accident mat zwee Gefierer um CR226 tëschent Duelem a Siren, allerdéngs ouni Blesséierter. Direkt dräi verwonnt Persoune gouf et dogéint kuerz no 8 Auer op der N13 tëschent Éileng a Recken op der Mess. Och hei sinn zwee Autoen net laanschtenee komm.
Kuerz virun 9 Auer ass en Auto an der Rue de Limpach zu Monnerech accidentéiert, dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Kuerz duerno gouf et nach en Accident an der Millebaacher Strooss an der Stad, hei awer ouni datt ee blesséiert gouf.
Um 10.48 gouf et dann nach en Accident mat zwee Motorrieder an der Avenue John F. Kennedy an der Stad, dobäi goufen zwou Persoune verwonnt. Wéi aus dem Bulletin vun der Police ervirgeet, huet et sech dobäi ëm zwee Poliziste gehandelt, déi am Kader vun der Staatsvisitt vum singapuresche President ënnerwee waren. De ganzen Artikel dozou kënnt Dir hei liesen.
Kuerz no 17.22 Auer koum et op der A6 tëscht der Zéissenger Kräiz an dem Gaasperecher Kräiz zu engem Accident mat dräi Gefierer. Dräi Leit goufen dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Hesper, Mamer an aus der Stad versuergt.
Zu Uewerkuer an der Rue de la Gare hat et tëscht zwee Ween geknuppt. Och hei gouf et dräi Blesséierter. Op der Plaz waren ee Pompjeeswon an zwou Ambulanze vum Zenter Suessem-Déifferdeng, grad ewéi d’Rettungsekippe vu Péiteng.