CGDIS6 Blesséierter bei enger ganzer Partie Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg den Owend zu am Ganzen 5 Accidenter, bei deene 6 Leit blesséiert goufen.
Police 2017
Police 2017
© RTL Archivbild

Géint 18.10 Auer waren zwee Autoen zu Stengefort an der Areler Strooss net laanschteneen komm. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Dat selwecht war de Fall kuerz 19.30 Auer zu Téiteng an der Haaptstrooss. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Autoen op der Kopp dann eemol um 19.55 Auer op der Streck tëscht Sandweiler a Conter. An eemol géint 20.15 Auer zu Nidderkolpech a Richtung Uewerpallen. Hei gouf all kéiers eng Persoun verwonnt.

Kuerz no Hallefnuecht koum et dann um Lampertsbierg an der Avenue de la Faiencerie zu engem Accident tëscht zwee Autoen. Hei goufen zwou Persounen blesséiert an et waren och zwou Ambulanzen aus der Stad op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO