
Aktuell sinn 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner 7 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 715.151 Impf-Dosisse genotzt. 598 Leit kruten hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 4.039 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,85. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.