
Eng Persoun ass dobäi blesséiert ginn. D'Secouriste vu Réiser a Beetebuerg waren op der Plaz, grad ewéi d'Stater Ambulanz.
Kuerz virun 3 Auer um Donneschdeg de Moien huet an der Zéissenger Strooss an der Stad e Feld gebrannt. D'Stater Pompjeeë waren dowéinst am Asaz.
Géint 6.40 Auer huet zu Keel an der rue du Faubourg eng Kiche gebrannt. 1 Persoun gouf blesséiert.
Kuerz no 7.30 Auer gouf et zu Alzeng an der Diddenuewenerstrooss en Accident, bei deem och eng Persoun blesséiert ginn ass.
Géint 9 Auer sinn en Auto an e Moto zu Nidderkuer an der rue des Ligures net laanschtenee komm. Och hei huet eng Persoune musse mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht ginn.
Kuerz virun 10 Auer gouf et dann e weideren Accident mat engem Blesséierten, déi Kéier zu Schëffleng an der rue de la Gare.