
Um Briddel war e Méindeg de Mëtteg agebrach ginn. 3 Leit ware fortgelaf, wéi d'Alarmanlag ugaange war. Eng däitsch Camionnette huet sech Direktioun Rollengergronn dervu gemaach.
Eng grouss Sichaktioun gouf direkt lancéiert. Eng Stonn méi spéit ass d'Camionnette mat 4 Verdächtegen zu Ollem an enger Cité fonnt ginn. Am Gefier huet d'Police Bijouen, Suen a Geschier, fir anzebriechen, fonnt.
Déi 3 Männer an eng Fra goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.
D'Camionnette war ugangs November zu Berlin geklaut ginn a war elo mat falsche Placken ënnerwee.
Déi potentiell Abriecher kéinten och fir aner Abréch op der Kockelscheier an zu Duelem responsabel sinn.