
Leschten Informatiounen no goufen 2 Persoune blesséiert. Eng Spuer war blockéiert, wouduerch et och zu Zéifloss an deem Beräich koum.
Op der Plaz waren 2 Ambulanzen an d'Pompjeeën aus der Stad, grad ewéi d'Police.
Géint 9.37 Auer koum et zu Käerjeng zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Och hei goufen 2 Persoune blesséiert. Zwou Ambulanze vu Péiteng waren op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Käerjeng.
Am Moiestrafic ass et op der A6 tëscht der Aire de Capellen a Capellen zu engem Accident komm, wouran 3 Autoe verwéckelt waren. Dat hat fir massive Stau gesuergt, deen iwwert d'Belsch Grenz ewech gaangen ass. 1 Persoun war blesséiert ginn. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Mamer waren op der Plaz, grad wéi d'Pompjeeën aus der Stad.
En Auto op der Kopp gouf et kuerz no 6 Auer tëscht Bierchem a Léiweng. 1 Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Beetebuerg an aus dem Réiserbann waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Beetebuerg.