Am Lokalen4 Accidenter mat all Kéiers engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et en Dënschdeg den Owend an an der Nuecht zu e puer Tëschefäll op eise Stroossen.
© RTL Archivbild

Zwee Motocycliste si gefall, eemol kuerz no 17 Auer um Kierchbierg a géint 17.30 Auer tëscht Miersch an dem Rouscht.

Géint 00.20 Auer ass ne wäit vun der Stater Gare e Won an e Bam gerannt. A géint 3.45 Auer koum et zu Housen nach zu engem Accident mat engem Auto.

Back to Top
CIM LOGO