
D'Pompjeeë vu Clierf waren op der Plaz, de Samu, grad ewéi Ambulanze vun Housen, Ëlwen a Wolz.
Donieft waren d'Rettungsdéngschter an d'Pompjeeën mat den Auswierkungen vum ville Reen konfrontéiert. Op enger Rei Plaze stounge Stroossen ënner Waasser an et si Kellere voll gelaf. Alles an allem war de CGDIS bis e Mëttwoch den Owend 80 mol an den Asaz geruff ginn. Sauer, Musel, Uelzecht a Kuer si wéinst dem ville Reen deen erofkomm ass geklommen, sou datt d'Phas de préalerte ausgeruff gouf.
D'Ekippe vum CGDIS ware géint 14.45 Auer zu Monnerech am Rousegäertchen aktiv. En Auto war do an eng Mauer gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.