
Am Ganze sinn elo zu Lëtzebuerg 453 Mënschen um oder mam Coronavirus gestuerwen.
Aktuell sinn 193 (-14) Patienten hospitaliséiert, dovunner 39 (+1) op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.