Bundespolizei Tréier3 Männer mat europäesche Mandats d'arrêt u Lëtzebuerg ausgeliwwert

RTL Lëtzebuerg
Ee vun hinne gëtt verdächtegt, an enger Lëtzebuerger Firma geklaut ze hunn, en anere muss wéinst engem Sexualdelikt an de Prisong.
© RTL-Archiv

Déi däitsch Police huet e Freideg de Moien 3 Männer un d'Lëtzebuerger Autoritéiten ausgeliwwert.
Géint si gëtt et europäesch Mandats d'arrêt.

En 41 Joer ale belarussesche Staatsbierger gëtt verdächtegt, an enger Lëtzebuerger Firma Tubak-Produiten, elektronesch Apparater, Mënz a Boergeld an Héicht vun 840 Euro geklaut ze hunn.

Den zweete Mann war e Kapverdianer, deen nach eng Prisongsstrof vu 799 Deeg wéinst engem Sexualdelikt muss ofsëtzen. Da gouf nach en 22 Joer ale Lëtzebuerger ausgeliwwert, deen zu 2 Joer an 10 Méint wéinst Verkéiers- an Eegentumsdelikter verurteelt gouf.

Back to Top
CIM LOGO