Dikrecher Geriicht3 Joer Prisong an e Verbuet vu 5 Joer, fir Kontakt mat Mineuren ze hunn

RTL Lëtzebuerg
Dat war d'Fuerderung um Dikrecher Geriicht am Prozess géint e Mann vun 21 Joer. Hie krut wéinst Viol de Prozess gemaach.

Et war him virgehäit ginn, am September 2017 en deemools 12 Joer jonkt Meedche vergewaltegt ze hunn. Hie soll der jonker Fra donieft am Summer virzejoert iwwer Snapchat sexuell Propose gemaach a kannerpornografesch Fotoe vun hir gehat an och gekuckt hunn. De 17. Oktober gëtt d'Uerteel gesprach.

Back to Top
CIM LOGO