No Abroch um Kierchbierg3 Brigangen no Accident ze Fouss viru Police geflücht

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 3.15 Auer gouf an engem Akafszenter um Kierchbierg en Alarm ausgeléist. 3 Onbekannter waren do agebrach.

E puer Policepatrulle sinn op d'Plaz gefuer. Deen Ament hu sech d'Brigangen an hirem Auto a Richtung Rond-point Serra dovugemaach an et koum zu enger Course-poursuite.

D'Flucht goung iwwer d'Tréierer A1 op d'Diddelenger A3. An der Sortie Léiweng haten d'Täter en Accident an hu sech doropshin ze Fouss duerch d'Bascht gemaach.

D'Police hat duerno den Appell lancéiert, am Beräich ronderëm Léiweng keng Onbekannter mam Auto matzehuelen a verdächteg Persounen dem 113 ze mellen. An engem weideren Appell op Facebook huet et nach geheescht, dass déi Verdächteg méiglecherweis kéinte blesséiert sinn.

Éischten Ermëttlungen no ware geklaute Placken um Fluchtwon.

Back to Top
CIM LOGO