Uechter d'Land3 Blesséierter bei Accidenter an 2 Bränn

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS um CR308 an zu Dikrech zwee Accidenter. Zu Ënsber a Steenem gouf et jeeweils ee Brand.
© RTL

Tëscht Rammerech a Gréiwels krut en Automobilist e Samschdeg den Owend e Bam ze paken. Eng Persoun gouf hei verwonnt.

Zu Dikrech op der Esplanade sinn 2 Gefierer kuerz virun 21 Auer net laanschtenee komm. De Bilan sinn 2 Blesséierter.

Zu Ënsber (Burwiss) huet géint 17.22 Auer eng elektresch Schalttafel Feier gefaangen. Zu Steenem an der Iechternacher Strooss gouf et um 19 Auer e klenge Brand. A béide Fäll gouf keng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO