
Am Asaz waren d'Stater Pompjeeën an 1 Ambulanz.
Kuerz no 23 Auer huet sech en Auto an engem Feld iwwerschloen, dat op der Streck Schlammestee Richtung Krautem. 2 Persoune goufe verwonnt. D'Pompjeeë vu Weiler zum Tuer an d'Ambulanz vu Beetebuerg waren op der Plaz.
E Mëttwoch de Moien ass en Automobilist tëscht Uewerpallen a Biekerech mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren de Samu, d'Pompjeeë vu Biekerech a Réiden, grad ewéi d'Ambulanz vu Réiden.