
Et war schonn 65.000 € moraleschen Schuedenersatz an 1. Instanz.
Eng Fra wollt deemools am fréien Owend nom Akafen heemfueren; um Zebrasträife virun der Haaptentrée hat si e 77 Joer ale Mann ze pake kritt, dee 5 Deeg drop am Spidol gestuerwe war.
Op penalem Plang war d'Fra dowéinst zu 6 Méint Prisong mat Sursis, enger Geldstrof vu 1.500 € an engem Fuerverbuet vu 24 Méint, 18 dovu mat Sursis, verurteelt ginn.