Alkoholkontrollen22 vun am Ganze 682 Chauffere positiv getest, 4 Permise fort

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet huet d'Police e Mëttwoch den Owend d'Automobilisten op e puer Plazen am Land op Alkohol getest.
© Pixabay

Tëscht 22.15 an 2.15 Auer gouf op 3 Plazen an der Stad, an der Rue des Aubépines, Route de Longwy a Rue de Bonnevoie, 162 Automobilisten op Alkohol getest.

15 Mol war d'Resultat positiv. Et gouf 3 Avertissement taxé, an deenen 12 anere Fäll gouf e Protokoll geschriwwen. 4 Chauffere kruten hire Führerschäin nach op der Plaz ofgeholl.

Op der Streck RN7 gouf zu Ettelbréck, Dikrech an an der Houschter-Déckt vun 22 bis 2 Auer kontrolléiert. Do hu 520 Chauffere misse blosen, 7 ënnert hinnen hate méi gedronk wéi erlaabt.

Et goufe 1 Avertissement taxé, 6 Protokoller. Permise goufe keng agezunn.

Back to Top
CIM LOGO