
Deemno goufen op de Lëtzebuerger Geriichter zejoert 1.206 Faillitte geschwat - 2019 waren dat der souguer ronn 30 méi.
Andeems Entreprisen hu missten zoumaachen, hunn zejoert ronn 2.050 Leit hir Schaff verluer. 2019 waren dat 2.180 Posten, déi verluer goungen.
Déi meescht Leit, déi hir Plaz verluer hunn, hunn am Bau geschafft, respektiv och all Fënneften am Horesca-Secteur.
Aktuell kann de Statec also matdeelen, datt et net méi Faillitten zejoert goufen, och wann dës Ausso mat Virsiicht ze genéissen ass, well sécher nach bannent den nächste Méint musse Faillitte bäigezielt ginn, déi op d'Pandemie zeréckzeféiere sinn.