Zuele vum ILR2019: Méi nohaltege Stroum am Grand-Duché

RTL Lëtzebuerg
Zejoert hunn 1.000 Clienten hire Stroumfournisseur gewiesselt an den nationalen Energiemix ass méi nohalteg ginn, dat steet am neiste Rapport vum ILR.
© AFP

Den ILR, den Institut Luxembourgeois de Régulation, kommunizéiert och, datt 12% vum Stroum aus erneierbaren Energië kënnt. Dat entsprécht 77% vun der nationaler Produktioun.

Alles an allem ass d'Produktioun vum grénge Stroum 2019 vun 688 op 802 Gigawatt/Stonn eropgaangen. Besonnesch grouss war d'Progressioun bei der Elektreschproduktioun aus Biomass (mat engem Plus vun 65 GWh), virun der Wandenergie (27 GhW méi). Gas ass dogéint manner gefrot.

De Verbrauch am Ganzen ass 2019 liicht zeréckgaange par Rapport zum Joer virdrun. 15% vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg verbraucht gëtt, gëtt iwwregens hei am Land produzéiert.

Liest hei den offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO