
Den 20. September wäert et e Jugend-Streik zu Lëtzebuerg ginn, esou heescht et an engem Schreiwes um Donneschdeg vu Youth for Climate.
A Solidaritéit mat all de Mënschen, déi ewell haut scho vum Klimawandel betraff wieren, géif ee jidder Jonken opruffen, matzemaachen.
De 27. September, also dee Freiden drop, soll et dann zu engem Generalstreik kommen. Net just Schüler, mä jiddereen soll hei matmaachen. Dofir gi Gewerkschaften, Organisatiounen a Patronen opgeruff, sech do unzeschléissen.
D’Regierungen sollen appelléiert ginn, méi géint d’Klimakris ze ënnerhuelen.
Dat Ganzt reit sech an, an eng ganz Woch vu Klima-Maniffen weltwäit, dat eben an der Woch vum 20. op de 27. September.