
Dat deelt den OGBL an engem Communiqué mat. Dat zoustännegt Geriicht huet e licenciement abusif zeréckbehalen.
Ënner anerem gouf et kee Kënnegungsbréif an et wiere keng valabel Motiver genannt ginn. D'Ambassade muss am Ganzen Indemnitéiten an Héicht vun iwwer 20'000€ bezuelen.
- indemnité de licenciement: 9.566 euros
- indemnité de congés non pris: 96,63 euros
- indemnité pour préjudice moral: 10.000 euros
- indemnité de procédure: 500 euros
D'Fra hat méi wéi 25 Joer fir d'Ambassade geschafft.
Den onofhängege Gewerkschaftsbond ënnerstëtzt déi Concernéiert a wäert si och fir déi Demarchë begleeden, déi nach opstinn.