Coronavirus zu Lëtzebuerg2 weider Persoune gestuerwen, vu 637 Tester waren der 42 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 535 läit.
© RTL

Aktuell sinn 92 Patienten hospitaliséiert, dovunner 23 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06.

Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

CORONAVIRUS – RAPPORT JOURNALIER

Back to Top
CIM LOGO