
Aktuell si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 717.418 Impf-Dosisse genotzt. 299 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 1.968 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,83. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.