Lutte géint Drogenhandel2 Persoune goufe wéinst Besëtz vu Kokain respektiv Cannabis festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Geschitt sinn dës 2 Virfäll an der Stad an zu Esch.
© RTL Archiv

Bei enger Kontroll op der Stater Gare sinn en Dënschdeg am Nomëtteg der Police zwou Persounen opgefall, déi am Gaang waren en Drogen-Deal ofzewéckelen. Béid Männer hu sech dunn iwwert d'Avenue de la Gare ewechgemaach, ma konnten awer kuerz drop vun de Beamte gestallt ginn.

De Verdacht hat sech dann och bestätegt: De Client war am Besëtz vun enger Bull Kokain, de presuméierten Dealer hat zwee Handyen, Boergeld an e puer Bulle Kokain bei sech. Den Dealer gouf festgeholl a koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.

An der rue du Brill zu Esch da gouf en alkoholiséierte Mann ugehalen, dee sech net ausweise konnt. Wéi de Mann mat op de Büro geholl ginn ass, fir seng Identitéit z'iwwerpréiwen, hunn d'Beamten e puer kleng Tute Cannabis séchergestallt. D'Drogen an den Handy vum Mann goufe saiséiert, de Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO