Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Persoune gestuerwen, vun 10.452 Tester waren der 181 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 590 läit.

Aktuell sinn 57 (-1) Persounen hospitaliséiert, dovunner 11 (-1) op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.501 aktiv Infektiounen an 48.421 Persoune gëllen als geheelt.

En Donneschdeg goufen iwwerdeems 659 éischt Dosissen an 353 zweet Dosisse vum Vaccin gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 16.419 Dosissen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO