Eng Fro, déi awer iwwert de Plang ewech d'Conseillere beschäftegt huet war: Ginn di aktuell Mesuren duer?
Am Héichwaassermanagement-Risikoplang gëtt, wéi den Numm et seet, de Risk vun Héichwaasser evaluéiert, an et gëtt gekuckt, wéi d’Auswierkunge kënne miniméiert ginn.
An dësem Kontext wollt den den Tom Krieps vun der LSAP wëssen, ob da géinge genuch Réckhaltebecke gebaut ginn. De Guy Foetz vun déi Lénk fäert, dat de Bau vun dësen eleng net duergeet:
«Mir mengen, do hätt misse méi insistéiert ginn op eng Revisioun vun de PAG a PAPen, no deem schlëmme Reen Mëtt Juli an der Stad. Fir d’Stad Lëtzebuerg geet et bestëmmt net duer, wa mer just soen, d’Leit misste méi informéiert ginn. Oder et misste méi Réckhaltebecke gebaut ginn an sou weider. Ech mengen, et stellt sech och konkret eng Fro, wou mer an Zukunft nach kënne bauen.»
Zum Sujet vun de Réckhaltebecken äntwert di zoustänneg Schäffin d’Simone Beissel vun der DP dann, dass et den Ament 42 Réckhaltebecken an der Stad ginn, dovunner wieren 27 Iwwerlafbecke fir de Fall vu Staarkreenevenementer. Ma dat wier nach net alles:
«Et ass eng ganz Rei vun neie Becken geplangt, well mir mussen dat einfach maachen. Well et kënnt méi Reen, an dir wësst, datt et och Obligatioune ginn, wat d’PAPe betrëfft, dass wann de PAP eng bestëmmten Dimensioun huet, automatesch muss e Réckhaltebecke gemaach ginn.»
De Sujet wier komplex, an net nëmmen d’Wuert Héichwaasserrisiko-Managementplang schéngt et a sech ze hunn. Den Dossier vun enger 500 Säiten, wier och deels extrem technesch. De Claude Radoux vun der DP:
«Den Avis vun den Zerwisser ass e relativ präzisen detailléierten Avis, wou et elo, wann een dat kuerz kuckt, schwéier ass ze soen, do feelt elo eppes, an hei musse mer eppes änneren. Also musse mer den Zerwiss hei am Fong gewäerde loossen.»
De Guy Foetz vun Déi Lenk fënnt dofir, dat d’Stad Lëtzebuerg misst vun Ufank un méi beim Ausschaffe vum Plan mat agebonne ginn, a freet, ob hei genuch insistéiert gi wier.