Police2 Fürerschäiner agezu wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch sinn der Police zwee Automobilisten opgefall, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© RTL-Archiv

Géint 15.20 Auer hat et zu Bieles an der Rue de France geknuppt, eng Persoun gouf dobäi liicht blesséiert. Wéi sech erausgestallt huet, hat ee vun de Fuerer Alkohol consomméiert. Hie krut e provisorescht Fuerverbuet a misst de Fürerschäin ofginn.

Eng zweete Kéier huet d'Police tëscht der Fiels a Miedernach missen agräifen. Um 23.45 Auer ass hinnen en Automobilist opgefall, deen am Zickzack gefuer ass. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall. Och hei gouf e Fürerschäin agezunn an e provisorescht Fuerverbuet ausgesprach.

Back to Top
CIM LOGO