CGDIS2 Blesséierter no Accident am Tunnel Grouft

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt 2 Blesséierter en Donneschdeg géint 18.30 Auer. Op der Nordstrooss sinn am Tunnel Grouft zwee Autoen anenee geknuppt.

D'Pompjeeë vu Luerenzweiler, Lëntgen, Nidderaanwen, grad ewéi de Samu an d'Ambulanze vu Lëntgen a Mamer waren am Asaz.

Géint 23.20 Auer hunn zu Schëffleng an der Zone Industrielle Monkeler zwee Camione gebrannt. Hei ass et beim Materialschued bliwwen. D'Pompjeeë vun Esch, Schëffleng, Monnerech, Suessem-Déifferdeng an Diddeleng hu geläscht. D'Ambulanz vun Esch war och op d'Plaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO