Frontalkollisioun2 Blesséierter bei Accident tëscht Biissen a Viichten

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie koum et zu engem uergen Accident um CR306. 2 Gefierer krute sech frontal ze paken.
© Domingos Oliveira

D'Pompjeeën hu missen 2 Persounen aus den Autoen erausschneiden. Si koume blesséiert an d'Spidol.

D'Strooss war wärend bal 2 Stonne komplett fir den Trafic gespaart. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Biissen a vu Fiichten, sou wéi d'Police.

Back to Top
CIM LOGO