
Am Lokale mellt de CGDIS e Motorradsfuerer, deen e Méindeg den Owend op der Streck tëscht Béiwen-Atert an Useldeng gefall ass. Zwou Persoune goufen heibäi blesséiert.
Zu Réimech sinn zwee Gefierer op der Place du Marché net laanschtenee komm. Hei blouf et awer bei Materialschued.