Falschausso18 Méint Prisong mat Sursis an 10 Joer kee Schaffen am ëffentlechen Déngscht

RTL Lëtzebuerg
Wéinst enger Affär vu Falschausso gouf e Mann en Donneschdeg de Moien um Dikrecher Geriicht veruerteelt.
© RTL Archivbild

Déi Strof gouf en Donneschdeg de Moien um Dikrecher Geriicht géint e Mann gesprach.

Sengem Kolleg war Fueren ouni Führerschäi virgehäit ginn. Am Prozess géint de Kolleg, am Juni zejoert, hat de Mann erkläert, dass hien dem Kolleg säi Permis bei Policekontrollen, bei deenen hien dobäi gewiescht wär, gesinn hätt. Et gouf awer ënner anerem bei Iwwerpréiwungen am Transportministère keng Spuer vum Führerschäin an och näischt bei Recherchen an der Fahrschoul fonnt.

Back to Top
CIM LOGO