Am Oste vum Land174 mol waren Automobilisten ze séier um Dënschdeg

RTL Lëtzebuerg
Op verschiddene Plazen am Oste vum Land goufen en Dënschdeg gréisser Verkéierskontrolle gemaach, woubäi nawell e sëllege Automobilisten ze séier waren.

Tëscht 11.15 an 13.30 Auer goufe 36 Verstéiss wéinst ze héijer Vitess notéiert.

Um Contournement Jonglënster (N11) an op der N14 "op der Strooss" zu Hiefenech war e mobille Radar agesat ginn, deen 128 Mol ausgeléist huet.

Nieft dëse Verstéiss, goufen awer och och nach e puer Automobiliste protokolléiert, well hir Pabeieren net an der Rei waren, well se geféierlech gefuer sinn, oder well d'Beliichtung vun hiren Autoen net richteg funktionéiert huet.

Back to Top
CIM LOGO