
Um Stater Geriicht war e Méindeg de Prozess géint e Mann vu 25 Joer, deen ugeklot war, well hien exhibitionistesch Fotoe vu sech op soziale Netzwierker verschéckt hat.
D'Faite ginn op d'Joren 2014 bis 2017 zeréck, wou zwee mannerjäreg Meedercher Plaintë gemaach haten a bei der Enquête sollt sech erausstellen, dass si bei Wäitem net déi Eenzeg waren, déi ongefrot Fotoe vum Mann kruten, an der Haaptsaach via Snapchat, wou hien e puer Konten hat.
De Parquet huet 15 Méint Prisong, mat méiglechem Sursis gefuerdert, mat awer engem psychiatreschem Suivi, deem sech de Mann misst ënnerzéien.
D'Urteel ass fir de 4. Februar.