
Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 802.808 Impf-Dosisse genotzt. 674 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 375 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.