Aarbechtsmaart10 Joer Kooperatioun tëscht ADEM a La Provençale

Pierre Jans
Duerch d'Kooperatioun ginn déi Leit, déi d'Formatioun zum Camionschauffer packen, direkt vun der Provençale agestallt.
Aus dem Chômage iwwer d'Formatioune bei der ADEM bei d'Provençale
Duerch eng Kooperatioun tëscht der ADEM an der Provençale kënne vill Leit, déi eng Ëmschoulung maachen, eng nei Aarbecht fannen.

Een Haaptuleies vum Triparite-Accord ass et och, fir d'Aarbechtsplazen ofzesécheren an d'Betriber ze stäerken. Eng Basis, op déi een an deem Kontext, kann opbauen ass schonn do: D'ADEM an hir Kooperatioune mat Betriber, déi Leit sichen. An esou eng geziilt Zesummenaarbecht besteet zanter 10 Joer mat der Provençale. Ronn 120 Leit, déi am Chômage waren, goufen iwwer dee Wee zu professionelle Camionschauffere forméiert.

8 Auer moies zu Leideleng: Dem Helder Azevedo seng Schicht fänkt un. Wärend Corona ass hien am Chômage gelant. De gebiertege Portugis huet eng nei Aarbecht gesicht a fonnt. An hien ass zefridde beim Grossist.

A La Provençale - e Betrib mat 1.700 Salariéeën - sicht permanent gutt Leit, fir op den 210 Killween duerch d'Land ze fueren. D'ADEM hëlleft zanter 10 Joer dobäi, erkläert d‘Directrice adjointe vun der ADEM Gaby Wagner. "Mir hunn eis mat hinnen zesummegesat a gekuckt, wat déi genee Besoine sinn. Dunn hu mir de Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) an de Centre de formation pour conducteurs (CFC) mat agebonnen. An eng Autoschoul. Déi Kooperatioun besteet bis haut fir Chauffeur-Livreuren auszebilden. D'Provençale engagéiert sech, fir se dann anzestellen.

An 10 Joer goufen 120 Diplomer als Chauffeur-Livreur esou ergattert. Eng 40 schaffen haut nach beim Grossist. Den Helder Azevedo ass Deel vun engem logistesche Monster. Wou een nëmmen hikuckt, Këschten a Këschte mat Liewensmëttel, déi bei de Client mussen. De Computer hëlleft, mä et muss een awer den Iwwerbléck hunn.

Dat erkläert den Nuno Marques, de Responsabel vun der Logistik bei La Provençale. "Et muss ee wëssen, dass mir ronn 200 Camione moies tëscht hallwer 4 an hallwer 10 volllueden. 3.000 Liwwerunge pro Dag. Do mussen d'Chauffere genee wëssen, wat si maachen, wéi si d'Wuer an hire Won lueden."

Keng einfach Aufgab fir den Helder Azevedo a seng Aarbechtskolleegen. Liewensmëttelsécherheet an Hygiène huet hie musse léieren, och organisatoresch op Zack ze sinn. Och kierperlech ass den Job usprochsvoll. Déi äiseg Keelt am Hangar mécht dem Helder Azevedo näischt méi aus. "Nee, dat ass jo just wärend dem Aluede sou kal. Mir paken hei just an an da geet et lass."

Besonnesch gär sëtzt hien hannert dem Steier. "Et ass scho komplizéiert, mam décke Camion op der Strooss, et muss ee wierklech ëmmer op alles oppassen." Wéi hie kritt jiddereen, deen d'Formatioun packt, e feste Kontrakt an de qualifizéierte Mindestloun bei der Provençale.

D'Formatioun an de Chômage wärend der Ausbildung iwwerhëlt d'ADEM. Och bei anere Kooperatiounen, wéi d‘Gaby Wagner erkläert. "Mir hu flott Kooperatiounen. Zum Beispill eng an der Poisonnerie vum Cactus. Do ware mir souguer mat deene Leit op Boulogne-sur-Mer. De Cactus stellt se dann an. Aner Kooperatioune ginn et mam Handwierk."

Den Helder Azevedo ass entretemps beim éischte Client ukomm. Hie weess genee, wat dëse Restaurant bestallt huet. Bannent nëmmen e puer Minutte sinn d'Këschten eidel. Den Helder Azevedo ass frou a sengem Job a säi Patron zefridde mat him.

Back to Top
CIM LOGO