
4 Blesséierter gouf et dann um 13 Auer an der Rue de la Margole zu Lamadelaine, wou zwee Gefierer sech ze pake kruten.
Um 14.40 Auer waren en Auto an e Moto um CR122 tëscht Fluessweiler an Dräibur aneneegerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
En Auto an e Bus waren um 15.10 Auer um Cents net laanschteneen komm. Och hei ee Verwonnten.
Kuerz no 16 Auer war e Motocyclist gefall. Dat tëscht Biwels a Stolzebuerg.
An tëscht Béiwen-Atert a Biissen war en Auto accidentéiert, och hei ee Blesséierten. An och dat war kuerz no 16 Auer.
