No Reorganisatioun1. Tëschebilan vum CGDIS fält positiv aus

Claudia Kollwelter
No nëmmen 20 Méint géing sech weisen, datt déi grouss Reform hir Friichte gedroen huet.
CGDIS zitt positiven Tëschebilan
Déi grouss Reform géing seng Friichten droen, geet aus engem Rapport vun den Experten festgehalen.

Den 1. Tëschebilan vum CGDIS fält positiv aus, dat huet souwuel d'Inneministesch Taina Bofferding, wéi och d'Deputéiert vun der zoustänneger Chamberkommissioun, betount, nodeems eng éischte Kéier op d'Reorganisatioun vun de Services de secours gekuckt ginn ass.

Virun allem bei de groussen Asätz wéi dem Tornado oder den Iwwerschwemmungen hätt sech gewisen, datt d'Konzept, sou wéi et am Gesetz ugeduecht ass, stëmmt.

Den DP-Deputéierten Max Hahn: Op där enger Säit gesi mer, datt bei den Zuele vun de Fräiwëllegen awer och Haaptberufflechen, déi no uewe ginn. An och bei de Jugendpompjeeë ginn d'Zuelen an d'Luucht. An op där anerer Säit natierlech och d'Hëllefsfrist, d.h. déi Zäit vun der Asazmeldung bis zur Interventioun, och déi Zäite sinn erof gaangen.

An awer ginn et nach ëmmer eng Partie Verbesserungsvirschléi gëtt d'Inneministesch Taina Bofferding zou. En Thema wat ëmmer erëm kéim wier de Médico.

D'Taina Bofferding: Bedauert gëtt, datt d'Krittären ze vill streng wären. Hei muss een awer och soen, d'Experten haten hir Consultatiounen am Hierscht lancéiert. Do goufen et entre temps scho Modifikatiounen. Deem hat sech de Verwaltungsrot schonn ugeholl.

An och op anere Punkte muss nach nogebessert ginn. Den CSV-Deputéierten Emile Eicher: Ech mengen et waren am Ufank mat de Pompjeeë vill Schwieregkeeten a Punkto Kommunikatioun. Déi kruten Dossiere virgedroen, wou se sech geduecht hunn: wat fänke mer domat un? Och elo mengen ech, dass d'Kommunikatioun nach ëmmer wichteg ass, net just mat den eegene Leit, mee och mat de Gemengen, déi jo schliisslech och Partner am CGDIS sinn.

Eng Partie Detailer missten nach gekläert ginn an et wier wichteg, datt permanent diskutéiert gëtt a gekuckt gëtt wou een nach Adaptatiounen kann oder muss maachen, huet d'Inneministesch betount.

Tëschebilan CGDIS / Reportage Claudia Kollwelter

"Alles ënnert engem Daach"

Tëschebilan CGDIS / Reportage Claudia Kollwelter - 2. Deel

Lëtzebuerg huet sech en integréierten a koherenten System vun de Rettungsdéngschter geschaf nom Motto: "Alles ënnert engem Daach" - dat soten dunn um Freideg de Mëtteg d'Experten, déi den éischten Tëschebilan vum CGDIS gemaach hunn. An enger externer Evaluatioun hu si d'Exekutioun an d'Applikatioun vum Gesetz, dat virun 20 Méint a Kraaft getrueden ass, analyséiert, a gekuckt a wéi wäit d'Mesuren ëmgesat goufen. An dee Bilan fält en gros positiv aus.

Schonn 2010 goufen déi nämmlecht Experte beoptraagt, e Rapport ze maachen en Vue vun der Reform vun de Rettungsdéngschter. Beim éischten Tëschebilan géif ee gesinn, datt e Konzept ausgeschafft, an op impressionant Manéier och ëmgesat gi wier, seet de Jean-Mathias Goerens:

"Dir maacht aus zwee mi klenge Corpsen eppes Grousses, wat elo mat e puer Honnert Professionellen a puer Dausende Fräiwëllege funktionéiert. Dat ass natierlech en enormen Aarbechtsopwand gewiescht."

E gutt Beispill wier d'Revalorisatioun vum 112:

"An deem Sënn, datt do net nëmmen en Appell entgéint geholl gëtt an dann eppes rausgeschéckt gëtt, mä dat och wärend der Interventioun do permanent Kontakter sinn an dat och vum 112 aus déi Interventioun mat dem Commandant des opérations ka koordinéiert ginn."

E System, deen am Opbau ass, huet och ëmmer eng Partie Schwaachpunkten, hunn d'Experte betount. Eng Rei Doleancë goufen deemno och am Rapport festgehalen. Zum Beispill vun de Fräiwëllegen:

"Déi vläicht Schwieregkeeten hunn, fir den néidegen, direkte Kontakt mat der Zentral an der Stad ze kréien, mat de Gemengenautoritéiten, déi sech och bëssen un déi nei Struktur erun taaschten mussen. Wéi sinn d'Kontakter tëscht de Gemengepäpp an den Unitéiten vum CGDIS. Alles dat brauch ufanks Zäit"

Mä och d'Integratioun am nämmlechte Corps vu Professionellen a Fräiwëllegen ass net ëmmer evident.

Festgehale gouf allgemeng, datt den éischten Tëschebilan positiv ass, dat et awer e permanente Prozess wier an een op verschidde Punkten nach nobessere kéint.

PDF: Rapport

Back to Top
CIM LOGO