
Aktuell sinn 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner dräi op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 796.217 Impf-Dosisse genotzt. 484 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 368 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.