
Am Asaz waren d'Ambulanz vu Stengefort an d'Pompjeeë vu Käerjeng.
E Samschdeg den Owend kuerz no 18 Auer koum et zu engem Accident tëscht 2 Gefierer an der Route de Bissen zu Méchelbuch. Och hei mellt de CGDIS 1 verwonnte Persoun. D'Ettelbrécker Ambulanz an d'Pompjeeë vu Viichten waren op der Plaz.
Gebrannt hat et e Samschdeg den Owend zu Mamer an der Dippecher Strooss an zu Déifferdeng an der Rue Woiwer, blesséiert gouf awer keen.
Um Lampertsbierg hu géint 23.03 Auer d'Stater Pompjeeë missen agräifen, well e Kartong a Brand stoung.