CGDIS1 Accident an e puer Bränn um Méindeg

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt 1 Blesséierte bei engem Verkéiersaccident e Méindeg den Owend géint 18.30 Auer, wéi sech op der Collectrice zwee Ween ze pake kruten.

Géint 16.45 Auer goufen d'Pompjeeë vu Leideleng geruff, well an der rue de la Pourdrerie e Bam gebrannt huet.

Zu Mäertert hunn d'Pompjeeë  géint 19.10 Auer mussen an d'rue Basse fueren, nodeems et hei e klengt Feier an enger Kummer ginn ass. Et goung just drëm ze kontrolléieren, ob d'Feier och wierklech aus ass.

Kuerz virun 23 Auer gouf et en Asaz op der A13 Richtung Péiteng, well hei Gestrëpps a Brand stoung.

An um Dënschdeg de Moie géint 1 Auer huet um CR132 Rammeldang Richtung Iernster eng Bott gebrannt.  Bei kengem vun deene Bränn gouf et Blesséierter

Back to Top
CIM LOGO