Auszeechnungen op Nationalfeierdag1.700 Medaile goufe fir déi verschiddensten Verdéngschter verdeelt

RTL Lëtzebuerg
2017 waren et nach bal 3.000 där Dekoratiounen, déi iwwerreecht gi waren...

Nationalfeierdag ass gefeiert an d'offiziell Auszeechnunge si verdeelt: alles an allem waren et dëst Joer eng 1.700 Medailen, déi vum Lëtzebuerger Staat fir Verdéngschter u Leit aus de verschiddensten Domainer decernéiert goufen.

2017 waren et nach bal 3.000 där Dekoratiounen, déi iwwerreecht gi waren, ee Chiffer deen zanter 2010 op deem héijen Niveau quasi stabel blouf. De Staatsminister Bettel schreift an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Ostdeputéierten Léon Gloden, datt et souguer zanter 2010 eng reegelrecht Inflatioun u Gielercher ginn hätt, duerfir goufen duerch en Arrêté 2016 d'Reegelen nei fixéiert, fir eng zivil Auszeechnung ze kréien.

Deemno gëllt e minimalen Alter vu 45 Joer an de Kritär, dass eng Persoun muss op mannst 25 Joer laang geschafft hunn, fir kënnen eng Medail ze kréien dat entweder am Ordre de Mérite oder am Ordre de la Couronne de chêne. D'Entspriechend Dokumenter fir Ufroe stinn um Site vun der Regierung.

Zum Verglach wat mat der "Inflatioun vu Medailen" gemengt ass: wann hei am Land op 600.000 Awunner am Joer eng ronn 3.000 Distinktioune verdeelt goufen, sou sinn dëst d'Joer an der Moyenne nëmmen a Frankräich eng 3.000 Leit, déi d'Medaile vun der Légion d'honneur kréien, bei enger Populatioun vun 68 Millioune Leit oder an Däitschland eng ronn 1.000 Bundesverdienstkreuze bei ronn 83 Milliounen Awunner.

Back to Top
CIM LOGO