Autopedestre Laurent Schley1.124 Kilometer an engem Joer

RTL Lëtzebuerg
Egal op Schnéi, Reen oder 30 Grad am Schied, de Laurent Schley ass zanter dem éischte Confinement bei all Wieder virun Dier gaang.
Autopedestre Laurent Schley
Egal op Schnéi, Reen oder 30 Grad am Schied, de Laurent Schley ass zanter dem éischte Confinement bei all Wieder virun Dier gaang.

A Pandemie-Zäiten nëmmen nach doheem bleiwen ass nämlech näischt fir hien. Dofir huet de passionéierten Wanderer sech méi mat sengem Hobby beschäftegt. Schlussendlech ass hien 2020 iwwer 1.100 Kilometer gaangen an dat an alle Regioune vum Land.

Den éischte Lockdown am Mäerz hat vill Leit iwwerrascht.  Vun engem Dag op den anere misst een doheem bleiwen. Mam Télétravail ass fir eng Partie Leit dann och nach de Büro an d’Stuff geplënnert. Dat huet bei villen op d ’Gemitt geschloen. Esou och beim Laurent Schley, dofir huet hien decidéiert, seng Fräizäit méi dobaussen ze verbréngen.

“Also ech sinn ëmmer schonn gär ze Fouss gaangen, mee et ass eben lo duerch Corona effektiv, wou de Confinement komm ass am Mäerz, ech war do iergendwéi awer schlecht drop an ech hu geduecht, ech muss lo einfach eraus an d’Natur. Dunn hunn ech einfach ugefaang dat systematesch ze maachen, quasi all Weekend an och zum Deel méi laang Touren. Dat hëlleft engem immens, wann een dobaussen ass an der Natur, am Bësch, dat ass gutt fir de Kapp.”

De Laurent Schley, dee sech och berufflech mat der Natur auserneesetzt, huet 2020 ganzer 84 Autopedestren gemaach. Dobäi kommen awer nach eng Partie aner Trëppeltouren. Een huet dem passionéierten Wanderer besonnesch gefall.

“Also den Highlight muss ech soen, war de Mëllerdall-Trail, deen ech innerhalb vun 3 Wochen ganz gemaach hunn. Dat sinn 200 km ongeféier an dat war wierklech .. fir duerch déi ganz Däller ze goen, déi een do duerchquert an déi Höhlen an déi Fielslandschaften wierklech op groussen Distanzen. Do sinn Touren dobäi vun ronn 40 km, dräi gréisser Touren an dat ass sécher den Highlight gewiescht, fir dat eng Kéier ze maachen.”

Seng Trëppeltouren mécht de Laurent Schley genau sou gär eleng, wéi awer och mat senge Kanner oder mat Kolleegen. Fir dëst Joer huet hien schonn een Zil op senger Lëscht.

“Jo wann ech effektiv Zäit kréien an et raus geet dëst Joer hunn ech de Leh-Trail eigentlech wëlles ze maachen. Dat sinn sou eng 160 Kilometer mat 7-8 Etappen. Dat ass eppes ech eventuell wëll maachen. Mol kucken.”

Den Natur- an Déierefrënd ass iwwerzeegt dovunner, dëst Joer nach méi Trëppeltier ze maachen. Bis Enn Mäerz wëll hien schonn 300 Kilometer an de Been hunn.

Back to Top
CIM LOGO