
An engem Wunnquartier an der ukrainescher Haaptstad Kiew huet et Mann e Samschdeg op d’mannst sechs Leit erschoss. Weider 14 Leit koume mat Blessuren an Trauma an d’Spidol, wéi den ukrainesche President matdeelt. Den Täter hat den Ermëttler no op der Strooss ronderëm sech geschoss an dann an engem Supermarché e puer Geisele geholl. Méi spéit gouf hie vun der Police erschoss.
Wéi de Procureur générale, de Ruslan Krawtschenko, matgedeelt huet, hat den Täter op enger Strooss am Süde vun der Haaptstad ëm sech geschoss, éier hien an de Supermarché agedrongen ass. Dem Selenskyj no konnten d’Spezialunitéite bei hirem Zougrëff véier Geisele befreien. Eng vun de Geisele wier awer vum Täter erschoss ginn, heescht et vum Inneminister Ihor Klymenko.
Dem Klymenko no huet de Mann och op Poliziste geschoss, déi probéiert haten, hie lieweg ze stellen. D’Sécherheetsleit hätte virdrun eng 40 Minutte probéiert, de Mann dozou ze kréien, opzeginn a seng Geisele fräizeloossen. D’Beamten hätten den Täter och dozou brénge wëllen, d’Versuergung vun enger Persoun, déi bludde géing, zouzeloossen, “mä hien huet net geäntwert”. “Dowéinst gouf et de Befeel, hien z’eliminéieren”, esou den Inneminister weider.
D’Motiver vum Verbrieche missten nach ermëttelt ginn. Dem Parquet no ware den Täter 58 Joer al an zu Moskau gebuer. A senger Wunneng, an där hie gemellt ass, gouf et iwwerdeem och e Brand.
Dem Selenskyj no géingen elo “all Ëmstänn” vun der Gewaltdot ermëttelt ginn. Hie fuerdert eng “séier Enquête”. Den Hannerbliwwene vun den Affer huet hie säi Bäileed ausgeschwat.