
D’Nathalie Baye ass e Samschdeg am Alter vu 77 Joer gestuerwen, wéi d’Famill vun der franséischer Schauspillerin matgedeelt huet. D’Baye, déi a Filmer vum François Truffaut, Xavier Dolan, Bertrand Blier oder Claude Chabrol matgespillt a véier César-Auszeechnunge beim franséische Filmpräis gewonnen huet, wier zanter dem leschte Summer krank an an engem besuergneserreegende Gesondheetszoustand gewiescht, heescht et weider.
E Freideg den Owend du wier d’Nathalie Baye “an hirem Paräisser Doheem un der Lewy-Kierper-Demenz” gestuerwen, sou d’Famill, dorënner hir Duechter Laura Smet, an engem gemeinsame Communiqué.